Schierener Wantermaart
Vendredi 27 novembre 2026
Toute la journée · Jusqu'au 29 nov.
Boulodrome
Schieren
Envoie-le sur WhatsApp. Tes amis répondent en un geste, sans rien installer.
À propos de ce plan
De 27. an 28. November 2026 ass et nees esou wäit! De Schierener Wantermaart invitéiert Iech op zwee gemittlech Owender a wanterlecher Atmosphär, flotter Ënnerhalung a besonneschen Highlights.
Och dëst Joer steet samschdes eis spektakulär Ballon-Nightglow-Show nees um Programm! Nodeems eis d’Wieder d’lescht Joer leider e Stréch duerch d’Rechnung gemaach huet an d’Show wéinst dem Reen net konnt stattfannen, hoffe mir, datt d’Wieder dëst Joer matspillt an d’Ballonen de Schierener Himmel endlech nees zum Liichte bréngen!
Eng nei Attraktioun ass dëst Joer „The Yelling Kitchen Prince“, dee mat senger aussergewéinlecher Show op béiden Deeg fir Staunen a Begeeschterung suerge wäert!
Fir déi richteg musikalesch Stëmmung suergen de Samschden den DJ Freezy an DJ Skit.
Och fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt! Eis Schierener Veräiner verwinnen Iech mat leckere Spezialitéiten a waarmt Gedrénks. Déi perfekt Geleeënheet, fir mat Frënn a Famill e puer gemittlech Stonnen ze verbréngen a sech zesummen op d’Wanterzäit anzestëmmen.
Event-Programm:
Freides, de 27. November:
• 17:00 Auer: Afterwork• 19:00 Auer: Animatioun mat der Schierener Schoul an der Schierener Musek • 20:30 Auer: Show mam The Yelling Kitchen Prince
Samschdes, den 28. November:
• 17:00 – 22:00 Auer: DJ-Set mat DJ Freezy & DJ Skit• 19:00 Auer: Show mam The Yelling Kitchen Prince• Géint 20:00 Auer: Spektakulär Ballon-Nightglow-Show• 22.00 Auer: After Party am Bistro Beim Décken
D’Ballon-Nightglow-Show ass vum Wieder ofhängeg. Déi genee Auerzäit kann sech nach änneren.
Zu Schieren beim Boulodrome
Op béiden Deeg vu 17:00 bis 22:00 Auer
Kommt laanscht, genéisst déi wanterlech Atmosphär am Duerf a verbréngt zwee flott Owender mat eis!
Mir freeën eis op Iech!
Agenda non officielInformations de Commune de Schieren. Consulte la page d'origine pour les derniers changements.

